Alphonse Cruchten

lëtzebuergeschen Auteur

Den Alphonse Cruchten, gebuer den 28. November 1943 zu Péiteng, ass e lëtzebuergeschen Auteur.

Alphonse Cruchten
Gebuer 28. November 1943
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Kanner Yves Cruchten

Biographesches änneren

Den Alphonse Cruchten huet 1964 de Premièresexamen (enseignement moderne, section commerciale) am Lycée de garçons vun Esch-Uelzecht gemaach.[1] Nodeem hien eng Zäit a verschiddene Primärschoulen ersat hat, war hie vun 1967 bis 1991 Gemengesekretär zu Dippech. Vun 1991 bis 2001 war hie Sekretär vum SYVICOL (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) a Vertrieder vun de lëtzebuergesche Gemengen am Conseil de l'Europe.[2]

Den Alphonse Cruchten, deen zu Réiser wunnt, ass de Papp vum Deputéierten Yves Cruchten.

Den Auteur änneren

Den Alphonse Cruchten huet eng Rei vun Artikelen a lokale Veräinsbroschüre publizéiert. Am Mäerz 2019 huet hie säin éischt Buch erausginn, eng Zort Kriminalroman mam Titel Concert de gala, deen d'Resistenz an d'Kollaboratioun zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich thematiséiert. Doranner huet d'Leed, dat de Louis Ries, de Monni vum Erzieler, am Krich erlidden huet, a säi Schicksal nom Krich eng Schlësselpositioun. De Roman presentéiert sech als eng Mëschung vu Fiktioun a Realitéit. D'Nimm vun de Leit a vun den Uertschafte si verschlësselt. Unhand vun de Gebuerts- a Stierfdatumer fënnt een awer z. B. eraus, datt de Personnage vum Louis Ries dem Auteur sengem Monni Roger Budinger (Büdinger) (1920-2007) entsprécht, deem säi Schicksal den Alphonse Cruchten schonn 2008 an engem Wort-Artikel beschriwwen huet.[3]

Publikatiounen änneren

Buch änneren

  • Cruchten, A., 2019. Concert de gala. Résistance et collaboration. Vérone Éditions, Paris, 114 S.
  • Cruchten, A., 2023. Mäi Péiteng. Erliefnisser an Anekdoten aus de Joren 1946-1970. Amis de l'Histoire de la commune de Pétange, N° 11 (Febr. 2023).

Artikelen änneren

  • Cruchten, A., 2010. 100 Joer Harmonie Municipale Péiteng 1909-2009. In: Harmonie municipale Péiteng 1909 – 2009: Buch vum Centenaire. Pétange, Imprimerie Heintz, S. 13-100.
  • Cruchten, A., 2010. D'Festivitéite vum Centenaire. In: Harmonie municipale Péiteng 1909 – 2009: Buch vum Centenaire. Pétange, Imprimerie Heintz, S. 209-234.
  • Cruchten, A., 2008. De Roger Budinger am 2. Weltkrich. Prisong a KZ vum 15. Januar 1942 bis den 30. Mee 1945. Luxemburger Wort 2008-02-23, Nr. 46, S. 26.
  • Cruchten, A., 1984. Chronik vun der Péitenger Musek 1909-1984. In: 75 Joer Péiténger Musek / Harmonie Municipale Pétange. Pétange, Imprimerie Heintz, sans pagination.
  • Cruchten, A., 1984. La commune de Pétange et les élections législatives de 1919 à 1979. In: 75 Joer Péiténger Musek / Harmonie Municipale Pétange. Pétange, Imprimerie Heintz, sans pagination.
  • Cruchten, A., 1981. Aus dem Regëster vum Dippecher Gemengerot ënnert dem Franséische Regime 1802-1813. 75e anniversaire et inauguration d'un nouveau drapeau. Corps des sapeurs-pompiers et musique Schouweiler-Sprinkange. Esch-sur-Alzette, Imprimerie Victor, S. 130-134.
  • Cruchten, A., 1981. Lokal-Chronik 1906. 75e anniversaire et inauguration d'un nouveau drapeau. Corps des sapeurs-pompiers et musique Schouweiler-Sprinkange. Esch-sur-Alzette, Imprimerie Victor, S. 135-138.

Net publizéiert änneren

  • Les Spahis au Luxembourg 1940. Dokumentatioun fir eng vun der Gemeng Dippech organiséiert Ausstellung (1985).
  • D'Péitenger Stadmusikanten. Theaterstéck fir Kanner (1965).

Referenzen änneren

  1. Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, Impr. St Paul, S. 437.
  2. Mail vum Alphonse Cruchten (August 2019) mat engem Curriculum vitae. — Kuck och: Nicole Sahl: Alphonse Cruchten. Autorenlexikon, aktualiséiert de 16.10.2020.
  3. Cruchten 2008.
    Kuck och: Massard, J. A., 2018. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018).
    Massard, J. A., 2018. Esch: Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Rathaus wehte (II). Nazis auf dem Bürgermeisterstuhl. Tageblatt, 3. Dezember 2018, Nr. 281, S. 4-5.