Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Alpa war de Markennumm vun enger Serie vu Schwäizer Klengbild-Spigelreflex-Fotoapparaten.

D'ALPA Mod. 6

De Plang vun den Alpa-Fotoapparate war vum Jacques Bogopolsky, engem ukraineschen Ingenieur, deen zu Genf gewunnt huet. 1933 ass e bei Pignons SA schaffe gaangen, an huet fir déi Firma en héichwäertege Klengbild-Fotoapparat entwéckelt, de Bolca 1, de méi spéit Bolsey Reflex geheescht huet. 1939 huet en d'Rechter u Pignons SA verkaaft, déi den Apparat ALPA ëmgedeeft hunn.

De Jacques Bogopolsky, deen och d'Filmkamera Bolex erfonnt hat, a sech an den USA Jacques Bolsey genannt huet, ass 1962 gestuerwen.

De Spanhiewel un den Alpa-Apparate gouf vu vir no hanne gedréckt.

Den 1. Januar 1990 ass Pignons SA vu Ballaigues Faillite gaangen, well se "d'Zeeche vun der Zäit" net verstanen haten. Eréischt 1996 huet Capaul & Weber et fäerdegbruecht, fir d'Firma z'iwwerhuelen. Haut heescht se Alpa of Switzerland.

Modeller änneren

  • ALPA REFLEX Mod. 6
  • ALPA REFLEX Mod. 6 b
  • ALPA REFLEX 9 d
  • ALPA 10 d
  • ALPA Si 3000 mat engem Power-Winder vun der japanescher Firma Chinon

Objektiven änneren

  • Kern-Macro-Switar 1,8 / 50 (Apochromat), vun der Schwäizer Firma Kern, 1951 erauskomm, vun 1968 un hat dat Objektiv eng maximal Blend vun 1,9
  • Macro-Takumar 4 / 50
  • Angénieux Retrofocus 3,5 / 24
  • Jena Flektogon 4 / 25
  • Angénieux Retrofocus 3.5 / 28
  • Schneider Curtagon 2,8 / 35
  • Makro-Kilar 2.8 / 40 vum Heinz Kilfitt
  • Schneider Xenon 1,9 / 50
  • Schneider Xenar 2,8 / 50
  • Angénieux Alfilar 2.5 / 90
  • Kinoptik 2,0 / 100 (Apochromat)
  • Leitz Hektor 2,5 / 125 mat Adapter
  • Carl Zeiss Super Dynarex 4 / 135
  • Kinoptik 2,8 / 150 (Apochromat)
  • Kilar 3,5 / 150 mm
  • Angénieux Alitar 4.5 / 180
  • Voigtländer Color Dynarex 4 / 200
  • Tele - Kilar 5,6 / 300
  • Tele-Kilar 5.6 / 400
  • Sport-Fern-Kilar 5.6 / 600
  • Komura Zoom 75 –150 mm mat Adapter

Fir ze liesen änneren

  • Lothar Thewes: ALPA - 50 Jahre anders als andere, Lindemanns Verlag, Stuttgart, 1990.
  • Jacob Deschin: The Alpa Camera, New York, Kinographic Publishing Co., 1959.

Um Spaweck änneren

Commons: Alpa cameras – Biller, Videoen oder Audiodateien