D'Alnus nepalensis (wat ee mat Nepaleesesch Eller iwwersetze kann) ass e Bam aus der Famill vun den Elleren, deen op de subtropeschen Héichfläche vum Himalaya wiisst. Op Nepali gëtt en Utis genannt.

Nepaleesesch Eller
Alnus nepalensis
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fagales
Famill Betulacaeae
Gattung Elleren (Alnus)
Wëssenschaftlechen Numm
Alnus nepalensis
D.Don
Schuel vum Alnus nepalensis
Blat vum Alnus nepalensis

E gëtt do gär ugebaut fir Brennholz oder Holzkuelen ze gewannen.

Beschreiwung änneren

D'Alnus nepalensis ass eng grouss Elleren-Aart mat enger sëlwereg-groer Schuel, déi bis zu 30 Meter héich kënne ginn, bei engem Duerchmiesser vu 60 cm. Si kréie Miissercher woubäi déi männlech a weiblech Bléie getrennt, ma zesummen op engem Bam wuessen. Déi männlech Bléie ginn 10 bis 25 cm laang an hänken no ënnen, iwwerdeems déi weiblech no uewe ginn. Si bléien am Hierscht, de Som gëtt dann dat Joer drop zeideg.

Verbreedung änneren

S'ass am Himalaya op enger Héicht vu 500–3000 m, vum Pakistan iwwer Indien, Nepal a Bhutan bis an d'chineesesch Provënz Yunnan ze fannen. Se wiisst op verschiddene Biedem, an huet gär, wann dës naass sinn, sou datt se dacks bei Gewässer ze fannen ass.

Um Spaweck änneren