Den Alfredo Ormando, gebuer de 15. Dezember 1958 a Sizilien a gestuerwen den 23. Januar 1998 zu Roum, war en italieenesche Schrëftsteller, dee sech den 13. Januar 1998 aus Protest géint d'Positioun vun der kathoulescher Kierch vis-à-vis vun homosexuelle Chrëschten op der Péitersplaz selwer a Brand gestach huet.[1]

Alfredo Ormando
Gebuer 15. Dezember 1958
Gestuerwen 23. Januar 1998
Roum
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Schrëftsteller, LGBT-Aktivist
Éischte Sëtzstreik an Erënnerung un den Alfredo Ormando virun der Péitersplaz (2001)

Obwuel Polizisten d'Feier geläscht hunn an hien op d'Intensivstatioun an e Spidol bruecht gouf, ass den Ormando e puer Deeg méi spéit gestuerwen.

Viru sengem Doud huet de Mann, dee selwer homosexuell war, geschriwwen: "Ech hoffe si verstinn de Message deen ech wëll ginn: et ass eng Form vu Protest géint d'Kierch déi Homosexualitéit dämoniséiert an zur selwechter Zäit d'ganz Natur, well Homosexualitéit e Kand vun der Natur ass."[2] De Bréif, deen hie bei sengem Doud bei sech hat gouf net ëffentlech gemaach a kuerz drop huet de Vatikan erkläert, den Ormando hätt sech aus familiäre Grënn ëmbruecht. E puer Deeg méi spéit krut dunn awer déi italieenesch Noriichtenagentur ANSA e Bréif mat senge Motiver, deen hie fortgeschéckt hat éier hien den Zuch fir op Roum geholl hat.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Open Eye Pictures: Alfredo's Fire (gekuckt den 13. Januar 2013)
  2. listverse.com: 10 Horrifying Acts of Self Immolation (10. Mäerz 2011; gekuckt den 13. Januar 2013)
  3. arcigaymilano.org: Alfredo Ormando morto dopo essersi dato fuoco in piazza S. Pietro per "protesta contro la Chiesa che demonizza l'omosessualità" (gekuckt den 13. Januar 2013)