Alfred Nimax

lëtzebuergeschen Apdikter


Den Édouard Alfred Nimax, gebuer de 14. Juli 1897, gestuerwen de 26. Oktober 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter[1].

Alfred Nimax
Gebuer 14. Juli 1897
Gestuerwen 26. Oktober 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter

Den Alfred Nimax ass den 22. November 1919 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Am Juli 1934 huet hien an der Stad an der Lonkecher Strooss, Nr. 5, eng Drogerie opgemaach. Wéi 1938 eng Konzessioun fir eng Apdikt an där Géigend geschaaft ginn ass, huet den Nimax déi kritt, an hien huet aus senger Drogerie déi éischt Apdikt am Quartier Märel-Belair gemaach[2], d'Märeler Apdikt (Merler Apotheke)[3]. Si huet sech vun 1942 un Hirsch-Apotheke genannt[4], en Numm, deen den Zweete Weltkrich net iwwerlieft huet. Ënner dem Numm Belairer Apdikt (Pharmacie de Belair) ass si zanter 1978 op Nummer 14 vun der Avenue du X Septembre. Nofollger vum Nimax waren den Nicolas Kettenmeyer (zirka 1968), d'Marie-Laure Franziskus (1978), de Bernard Dieschburg (1995) an de François Marx (2005)[5].

Den Alfred Nimax war President vum Conseil d'administration vum Comptoir pharmaceutique luxembourgeois S.A. Hien huet e puer Artikelen iwwer d'Pharmaciegeschicht vu Lëtzebuerg publizéiert.

Publikatiounen änneren

  • Nimax, A., 1939. Pharmaciens du passé. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, mai 1939, S. 9-17.
  • Nimax, A., 1954. L'histoire de la pharmacie luxembourgeoise. Journal de Pharmacie de Belgique, Nos 9-10, sept.-oct. 1954, S. 331-340 (Cercle Benelux d'Histoire de la Pharmacie, Bulletin No 11, Avril 1955, 10 S.)
  • Nimax, A., 1961. Les contributions de trois pharmaciens luxembourgeois à la chimie appliquée. Janus, Revue internationale de l'histoire des sciences, de la médecine, de la pharmacie et de la technique, Leiden, 49 (1961), No 2-3, S. 188-189.
  • Nimax, A., 1970. Aus der pharmazeutischen Geschichte Luxemburgs. In: H. Hügel: Pharmaziegeschichtlicher Kongress in Luxemburg vom 11. bis 15. Juni 1969. Erweiterter Sonderdruck für die Mitglieder der Internationalen Gesellschaft für Geschichte der Pharmazie, aus Deutsche Apotheker-Zeitung 109 (1969), Seite 975-989: S. 16-23.

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.

Referenzen änneren

  1. Kugener 2005, S. 1159.
  2. Memorial 1938, S. 1279 (Avis – Service sanitaire). [1]
    Escher Tageblatt 1938, Nr. 276 (28. November), S. 3. [2]
  3. Luxemburger Wort 1941, Nr. 64 (5. Mäerz), S. 6
  4. Luxemburger Wort 1942, Nr. 52 & 53 (21. & 22. Februar), S. 11
  5. Kugener, H., 2011. Mit dem Aeskulap-Stab unterwegs durch Belair. In: Ons Stad, 98 (2011), S. 22-26. [3] [4]