Alfonso XII. vu Spuenien

Den Alfonso XII., gebuer den 28. November 1857 zu Madrid als Alfonso Francisco de Asís Fernando Pío Juan María de la Concepción Gregorio Pelayo de Borbón y Borbón, a gestuerwen de 25. November 1885 am El Pardo-Palais, war vum 30. Dezember 1874 bis zu sengem Doud Kinnek vu Spuenien.

Alfonso XII. vu Spuenien
Gebuertsnumm Alfonso Francisco de Asís Fernando Pío Juan María de la Concepción Gregorio Pelayo de Borbón y Borbón
Gebuer 28. November 1857
Gestuerwen 25. November 1885
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Collège Stanislas,
Royal Military College vu Sandhurst
Famill
Kanner Fernand Sanz

Hie war de Jong vun der Isabella II. vu Spuenien, säi Papp soll de Francisco de Asís de Borbón gewiescht sinn, wouriwwer et awer Zweiwele gëtt. Am Alter vun 10 Joer goung hien 1868, no der Septemberrevolutioun, mat senger Famill op Paräis an den Exil. Am Juni 1870 huet seng Mamm zu senge Gonschten ofgedankt.

1870 goung hie mat senger Famill op Genf, an dono goung den Alfonso fir 3 Joer op Wien fir do säi Lycée ze maachen. 1874 goung en op d'Militärakademie Sandhurst. Do huet hien d'"Manifest vu Sandhurst" publizéiert, an deem e sech als gudde Katholik deklaréiert huet a versprach huet e liberale Kinnek ze sinn, wann dat bis de Fall wier. Am Dezember 1874 huet de Generol Arsenio Martínez-Campos sech an engem Pronunciamiento dofir ausgeschwat, d'Monarchie nees anzeféieren, mam Alfonso als Kinnek.

Den Alfonso koum de 14. Januar 1875 op Madrid an huet sech do direkt un d'Spëtzt vun der Arméi gesat - obwuel en eréischt 17 Joer hat an zu Sandhurst nach sou gutt wéi näischt geléiert konnt hunn. An enger Schluecht géint säi Konseng am Karlistekrich, dee sech Carlos VII. genannt an d'Kroun fir sech beusprocht huet, huet hien am Mäerz 1876 gewonnen, an den Don Carlos (Carlos VII.) goung a Frankräich an den Exil.

Am Januar 1876 hunn d'Cortes (eng Stänn-Versammlung) en neie Verfaasungsentworf ausgeschafft an am Juni 1876 guttgeheescht.

1885 konnt den Alfonso sech mam däitsche Keeser Wilhelm I. op eng friddlech Léisung am Sträit ëm d'Karolineninselen eenegen. Politesch huet hien all Richtunge mat Ausnam vun de Karlisten an de Republikaner zougelooss fir un der Muecht am Staat ze partizipéieren. Konkreet waren et déi Konservativ an déi Liberal, déi sech ofgeschwat hunn, a wann et huet misse sinn, d'Wale gefälscht hu fir sech ofzewiesselen.

De Kinnek Alfonso XII. ass de 25. November 1885 un Tuberkulos gestuerwen. Seng Fra Maria Christina vun Éisträich huet d'Régence iwwerholl. Säi Jong Alfonso XIII. koum de 17. Mee 1886 op d'Welt. Virdrun hate si zwou Duechtere kritt, d'María de las Mercedes de Borbón an d'María Teresa. Ausserdeem hat hien zwee illegitim Kanner mat der Operesängerin Elena Armanda Sanz Martínez de Arizala, den Alfonso an de Fernand Sanz. De Fernand Sanz huet op den Olympesche Spiller 1900 zu Paräis eng Sëlwermedail am Vëlosport gewonnen.

Literatur änneren

  • Susana Sueiro Seoane: Alfons XII. (1874–1885). In: Walter L. Bernecker (Hrsg.): Die spanischen Könige. 18 historische Portraits vom Mittelalter bis zur Gegenwart. Beck, München 1997, ISBN 3-406-42782-0.
  • Walter L. Bernecker und Horst Pietschmann: Geschichte Spaniens. 4. Aufl. Kohlhammer, Stuttgart 2005, ISBN 3-17-018766-X.

Um Spaweck änneren

Commons: Alfonso XII of Spain – Biller, Videoen oder Audiodateien