Alex Federspil

lëtzebuergesche Buergermeeschter

Den Alexandre Jacques Federspil, genannt Federspils Lex, gebuer den 18. Juli 1904 zu Peppeng, an do gestuerwen de 14. August 1967 war e lëtzebuergesche Kazettler a Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.[1]

Alex Federspil
Gebuer 18. Juli 1904
Gestuerwen 14. August 1967
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Alex Federspil war de Jong vum Lukas Federspil, dem Duerfschmatt vu Peppeng, an der Anna Schott. En ass am Haus A Schmatten op d'Welt komm an en huet a sengem Elterenhaus d'Schmëdd weidergefouert.

Schonn a senger Jugend war hie bei de Peppenger Pompjeeën. 1953 gouf hie Kommandant vun deem Corps.

Och am Gemengerot war hie vun 1951 bis zu sengem Doud engagéiert. Buergermeeschter war e vun 1964 bis 1967.

Zu Peppeng ass déi Strooss, déi bei den ale Waasserbaseng féiert, no him genannt ginn.

Referenzen änneren

  1. (fr)Doudesannonce vum Alex Federspil. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16. August 1967). Gekuckt de(n) 2023-03-16.