Alessandro Piccolomini

italieeneschen Dichter an Astronom

Den Alessandro Piccolomini, gebuer den 13. Juni 1508 zu Siena a gestuerwen, den 12. Mäerz 1578 och do; (laténgesch: Alexander Piccolomineus) war en Dichter a Philosoph, gouf awer haaptsächlech als Astronom bekannt.

Alessandro Piccolomini
Pseudonym Stordito Intronato
Gebuer 13. Juni 1508 jul.
Siena
Gestuerwen 12. Mäerz 1579 jul.
Siena
Aktivitéit Astronom, kathoulesche Priister, Philosoph, Iwwersetzer, Dramatiker, Dichter
Titelblad vun der Filosofia naturale

Liewen änneren

A senger Jugend hat hien e puer Kaméidisstécker geschriwen: Amor costante (1536), L'Alessandro (1544) an Ortensio. Er übersetzte Dem Ovid seng Metamorphosen hat hien iwwersat, geneesou wéi dem Aristoteles seng Poetik an d'Rhetorik. Vun him stamen honnert Sonetter (Cento Sonetti, 1549 publizéiert[1]), an aner Gedichter. Zu Siena war hie Member vun der Accademia degli Intronati.[1][2]

1540 gouf hie Professer vun der Philosophie zu Padua, a sengem Traktat Della grandezza della terra et dell'acqua (Venedig, 1558) ass hie géint Meenung vum Aristoteles a vum Ptolemaios, datt d'Waasserfläch méi grouss wéi d'Landmass op der Äerd wier.[3]

Hien hat och iwwer d'Verbesserung vum Kalenner (1578) geschriwwen.[3] De Popst Gregor XIII. hat hien am Joer 1574 zum Titularäerzbëschof vun Patras ernannt. Den 12. Mäerz 1578 ass hien zu Siena gestuerwen.[2]

Wëssenschaftlech Wierker änneren

  • Della grandezza della terra et dell'acqua, 1558 (Digitalisat der Ausgabe Venedig 1561)
  • Della filosofia naturale, Venedig 1560 (Digitalisat)
  • In mechanicas quaestiones Aristotelis, paraphrasis paulo quidem plenior eivsdem commentarivm de certitudine mathematicarum disciplinarum, Venedig 1565 (Digitalisat)
  • Sfera Del Mondo (Beräich vun der Welt), 1540
  • Delle stelle fisse (Vu Fixstäre), 1540
  • Speculazioni de' pianeti (Spekulatiounen iwwer d'Planéiten – De Piccolomini war hei der gläicher Opfaassung wéi de Ptolemaios)

Éierung änneren

De Moundkrater Piccolomini gouf no him genannt.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Alessandro Piccolomini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Franco Tomasi: L'Accademia degli Intronati: strategie culturali e itinerari biografici.
  2. 2,0 2,1 Enciclopedie on line
  3. 3,0 3,1 Umberto Benigni: Alessandro Piccolomini. In: Catholic Encyclopedia.