Déi al Kierch vu Rued-Sir ass eng fréier kathoulesch Kierch zu Rued-Sir an der Gemeng Betzder. Si gëtt nëmmen nach fir Ausstellungen an aner kulturell Zwecker benotzt.

Kierch vu Rued-Sir
(Al Kierch)
Déi al Kierch (2013)

Déi al Kierch (2013)
Déi al Kierch (2013)
Uertschaft / Plaz Rued-Sir
Konsekratioun 26. Juli 1757
Baujoer 1757
Koordinaten 49° 39’ 56.82’’ N
      06° 18’ 05.31’’ O
Kierchen - Kapellen

Rued ass eng ganz al Par, eng éischt Kierch zu Rued gëtt schonn 1083 ernimmt, dat Joer an deem d'Almënsterabtei gegrënnt gouf an de Grof Konrad I. vu Lëtzebuerg hinnen deemools d'ecclesiam de Rode geschenkt huet. De richtegen Datum vum Bau ass net bekannt.

Den éischte bekannte Paschtouer vu Rued war den Ernst Heistorff. Ëm 1685 heescht de Paschtouer Joh. Heinrich Lenert. D'Kierch ass aarm, an d'Mauere réi, keen hëlze Foussbuedem mä e knubbelege Steebelag. De Chouer ass hallef zesummegefall an et gesäit éischter no engem Stall aus wéi no engem Gotteshaus.

1738 waren erëm besser Zäiten an et gëtt vun enger Kierch baussent dem Duerf geschwat. Warscheinlech sinn déi am Krich zerstéiert Haiser nach net opgebaut ginn. Sou steet d'Kierch, déi a guddem a wierdegem Zoustand ass, eleng um Hiwwel. Aus där Zäit staamt och de lénkse Säitenaltor, den d'Opschrëft dréit: P.W.1728.

Déi haiteg Kierch ("déi Al" genannt) war am Joer 1757 ënner dem Paschtouer Joh. Filtz (1749-1776) gebaut ginn a gouf de 26. Juli 1757 dem hl. Jakobus geweit. Op engem Steen am Verwëllef steet déi Joreszuel.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Al Kierch Rued-Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien