Akustesche Bass

Säiteninstrument

En Akustesche Bass ass e Säiteninstrument an de Virgänger vum E-Bass.

Den Opbau gläicht deem vun engem E-Bass, allerdéngs gëtt den Toun net mat Pick-Ups verstäerkt, mä, genee wéi bei der klassescher oder akustescher Gittar, mat enger Schallkëscht.

De Korpus an den Hals sinn aus Holz, an d'Säite sinn aus Metall.

Bäss hu meeschtens 4 oder 5 Säiten.