Air Rescue 1 ass d'Bezeechnung fir de Loftrettungsdéngscht deen den LAR-Helikopter benotzt, dee bei deem Stater Spidol stationéiert ass, dat Urgencendéngscht huet, an dee vun do aus Asätz am Ëmkrees vu 50 km flitt. De SAMUs-Dokter vum Déngscht flitt allerdéngs net nëmme mam Rettungshelikopter, mä decidéiert bei der Alerte jee no Asazaart an Distanz bis bei d'Asazplaz, ob e mam SAMUs-Auto oder mam Rettungshelikopter bei de Patient bruecht soll ginn.