MD Helicopters MD Explorer

Den MD Helicopters MD Explorer ass e liichten zweemotoregen Helikopter mat 6 bis 7 Sëtzplazen. E gouf an de fréien 1990er vu McDonnell Douglas Helicopter Systems entwéckelt, a gëtt vun der MD Helicopters, Inc. gebaut. Dëse Helikopteren zeechnen sech duerch den NOTAR System aus.

En MD 902 vun der LAR um Fluchhafe Lëtzebuerg um Virfeld P5
En MD 902 vun der lëtzebuergescher Police um Fluchhafe Lëtzebuerg

Et gëtt zwéi Modeller, den original MD 900, a säin Nofollger den MD 902.

Um Spaweck änneren

Commons: MD Helicopters MD Explorer – Biller, Videoen oder Audiodateien