Air-TV, L'autre télé war e lëtzebuergeschen Televisiounssender a franséischer Sprooch, deen tëscht 2010 an 2014 bestanen huet.

En huet virun allem Magazines-Reportagen an Neiegkeete fir an iwwer d'Groussregioun produzéiert. Bedriwwe gouf e vun Notre TV S. a., Direkter war den Alexandre Mensuelle.[1]

Ee vun den Haaptleit war de Jean-Luc Bertrand.

Air Tv hat en Taux d'audience vu knapps 0,3 Prozent. 2013 louchen d'Scholde bei 1,47 Milliounen Euro, sou datt am Dezember 2014 Air-TV faillite deklaréiert gouf.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 France Clarinval: "Écran noir sur Air-TV." paperjam.lu, 18.12.2014 18:22.