Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Aiderbichlerfrenn Letzebuerg)

Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg ass den Numm vun engem lëtzebuergesche Veräin, deem säin Zil et ass, d'Gut Aiderbichl, e Gnodenhaff an Éisträich, dee mësshandelt Déieren aus ganz Europa ophëlt, finanziell z'ënnerstëtzen.

De Veräin ass aus enger Grupp vu véier Frënn eraus entstanen, déi schonn zanter 2006 fir d'Gut Aiderbichl gebastelt hunn. Am Joer 2008 krute se d'Méiglechkeet, de 26. Dezember an der Sendung Chrëschtbazar mam Patrick Greis op RTL Radio Lëtzebuerg eng Reklamm fir hir Bastelsachen ze maachen. Den 19. September 2009 gouf de Veräin offiziell als A.s.b.l. an der Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg am Pafendall gegrënnt, an den 22. September am Handelsregëster als Aiderbichlerfrenn Letzebuerg[1] agedroen.

Mat Info- a Verkafstänn, Concerten, etc. probéiert de Veräin, op sech opmierksam ze maachen, Informatiounen iwwer d'Gut Aiderbichl ze liwweren an duerch de Verkaf vu Saachen, déi d'Membere bastelen oder der A.s.b.l. schenken, Suen ze sammelen.

Um Spaweck änneren

Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg a.s.b.l.

Referenzen änneren

  1. Mémorial vum 6. Oktober 2009 mat de Statuten