Agnès Donckel

lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Agnès Donckel, gebuer de 24. Oktober 1878 zu Mäertert a gestuerwen de 25. Mäerz 1960 zu Gréiwemaacher[1], war eng lëtzebuergesch Philologin, Politikerin a Fraerechtlerin.

Agnès Donckel
Gebuer 24. Oktober 1878
Mäertert
Gestuerwen 25. Mäerz 1960
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Politiker, Fraerechtler, Philolog

Si huet sech an der Action féminine fir d'Fraerechter agesat. Hiren Numm figuréiert am Comité d'honneur vum Veräin[2].

Bei de Kommunalwale vum 14 Oktober 1928 ass d'Agnès Donckel an de Mäerterter Gemengerot gewielt ginn[3], wou si bis 1935 Schäffin war[1].

Zu Mäertert ass eng Strooss no hir benannt: rue Agnès Donckel (L-6678).

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Gearchiveerd op 2020-02-01. Gekuckt de(n) 2020-02-20.
  2. Editioun vum 15. Oktober 1927 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Gearchiveerd op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 2020-02-20.
  3. Editioun vum 15. November 1928 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Gearchiveerd op 2017-07-24. Gekuckt de(n) 2020-02-20.