Affär Wolter-Roemen

(Virugeleet vu(n) Affär Roemen-Wolter)

D'Affär Wolter-Roemen ass eng juristesch Affär zu Lëtzebuerg aus de Joren 1998-2003, déi no hiren Haaptkontrahenten, dem Lëtzebuerger Journal-Chefredakter Rob Roemen an dem deemolegen CSV-Minister Michel Wolter genannt ass.

Se ass a leschter Instanz virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gekläert ginn (Affaire Roemen et Schmit c. Luxembourg)[1], deen de 25. Februar 2003 zu der Conclusioun koum, datt de Lëtzebuerger Staat géint d'Artikelen 8 an 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun verstouss hat[2].

An der Folleg gouf d'Pressegesetz ofgeännert an de Quelleschutz fir Journaliste garantéiert[3].

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Affaire Roemen et Schmit c. Luxembourg Arrêt du 25 février 2003, définitif 25 mai 2003.
  2. Den Artikel 8 seet: "Toute personne a droit au respect de sa vie privée et familiale, de son domicile et de sa correspondance [...]"; den Artikel 10: "Toute personne a droit à la liberté d'expression. Ce droit comprend la liberté d'opinion et la liberté de recevoir ou de communiquer des informations ou des idées sans qu'il puisse y avoir ingérence d'autorités publiques et sans considération de frontière. [...]"
  3. Loi du 8 juin 2004 sur la liberté d'expression dans les médias Gearchiveerd op 2015-05-05. Gekuckt de(n) 2013-11-15.