Den Adrianus Eversen, gebuer zu Amsterdam den 13. Januar 1818, a gestuerwen zu Delft den 1. Dezember 1897 war ee vun de bekanntsten hollännesche Moler vu Stied a vu Stroossenzeenen.

Strooss an der Sonn op engem Maartdag (Ueleg op Canevas, 56,5 × 47 cm)

Seng Wierker erënneren un déi fréi hollännesch Meeschtere Jan van der Heyden (*1638 †1712) an Isaac Ouwater (*1750 †1793).

Hien huet mat sengem Zätgenosse Cornelis Springer d'Molerei beim Cornelis de Kruyff geléiert. De Cornelis Springer war och ganz bekannt fir Biller vu Stadlandschaften.

Den Eversen huet zu Amsterdam gewunnt a geschafft, an huet do tëscht 1845 an 1885 seng Biller ausgestallt. Éier hien 1889 op Rotterdam geplënnert ass, huet en Ausstellungen zu Den Haag an zu Leeuwarden gemaach. En hat iwwer seng ganz Schaffensperiod eng grouss Nofro fir seng Biller, an hien huet der vill dovun an d'Belsch an an England verkaaft. Den Englesche Billersammler John Sheepshanks huet eng grouss Parti vu senge Biller kaaft. Nom Sheepshanks sengem Doud koumen déi Biller an de Besëtz vum Victoria and Albert Museum.

Den Eversen war Member vun dem elitäre Veräin Arti et Amicitiae.

Seng Wierker si bekannt fir hire groussen topograheschen Detail, an deemno grad sou intressant vum artistesche wéi vum historesche Standpunkt. Si beschreiwen Zeene vum deegleche Liewen, a sinn dofir och mat déi bescht Opzeechnunge vun den Aktivitéite vun de Leit an Holland vun där Zäit.

An Europa si seng Biller an de Muséeë vun Amsterdam, Enkhuizen an Den Haag ze gesinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Adrianus Eversen – Biller, Videoen oder Audiodateien