Administration des transports publics

Verwaltung vum lëtzebuergesche Mobilitéitsministère

D'Administration des transports publics, gekierzt ATP, op Lëtzebuergesch Verwaltung fir den ëffentlechen Transport, ass eng Verwaltung vum Lëtzebuerger Staat, déi dem Minister ënnersteet deen och fir den Transport zu Lëtzebuerg zoustänneg ass. Zanter der Grënnung ass dat de Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP).

Administration des transports publics
Verwaltung fir den ëffentlechen Transport
Land Lëtzebuerg
Secteur ëffentlechen Transport
Leedung Alex Kies
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 4, rue Charles Bernhoeft L-1240 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Gegrënnt 1. Mäerz 2021
Um Spaweck https://transports.public.lu

Se gouf mam Gesetz vum 5. Februar 2021 gegrënnt an ersetzt de fréiere Verkéiersverbond[1].

Zweck änneren

Am Respekt vun de Gesetzer a Reglementer këmmert d'Verwaltung sech ëm d'Betribsplanung an d'Organisatioun vum ëffentlechen Transport op der Strooss, zu de beschte wirtschaftleche Konditiounen an am Interessi vun de Clienten.

Se ass verantwortlech fir d'Organisatioun, fir d'Administratioun an d'Planifikatioun vun der Fuerpläng a fir d'Kontroll vum ëffentlechen Transport. Se geréiert an optimiséiert den ëffentlechen Transport bannent dem Land, ausser deene Linnen, déi just bannent enger Gemeng oder engem Gemengesyndikat zirkuléieren. Bei de Verbindunge mat de Grenzregiounen, mécht se dat zesumme mat den zoustännegen auslänneschen Autoritéiten.

Se ass ë. a. och zoustänneg fir d'Clientèle z'informéieren an d'Reklamatiounen ze traitéieren.

Direktioun änneren

D'Administration des transports publics gëtt vun engem Direkter an zwéin Adjointe geleet, déi alleguer vum Grand-Duc ernannt ginn.

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 5 février 2021 sur les transports publics. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-26.