Ahornen
Ahornen (Acer) sinn eng Gattung Beem aus der Famill vun de Sapindaceae, Ënnerfamill Hippocastanoideae.
Biergahorn | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Sapindales |
Famill | Sapindaceae |
Ënnerfamill | Hippocastanoideae |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Acer | |
Linnaeus | |
Jee no Auteur gëtt et 110 bis 200 Ahornaarten.
Verbreedung
ännerenD'Gattung Acer kënnt am nërdlechen Afrika vir, an Eurasien, Zentral- an Nordamerika. D'„Acer“-Aarte wuessen an temperéierten, subtropeschen an tropesche Klimazonen, an den Tropen awer nëmmen an de Bierger.
Zanter den Äiszäiten sinn an Europa just nach e puer Ahorn-Aarten doheem. A Westeuropa komme nieft dem Spatzahorn (Acer platanoides), dem Aaschtert (oder Biergahorn; Acer pseudoplatanus) an dem Maasselter (Acer campestre) och de Franséischen Ahorn (Acer monspessulanum), den Acer opalus an den Acer tataricum wëll vir.
Systematik
ännerenD'Gattung Ahorn gëtt an eng Rëtsch Sektiounen (sect.) ënner-agedeelt, a, wou et muss sinn, a Serien (ser.):
|
|
Symbolik
ännerenD'Ahornblat ass ee Symbol vu Kanada an ass zanter 1965 um kanadesche Fändel.
Um Spaweck
ännerenCommons: Ahornen – Biller, Videoen oder Audiodateien |