Abul Wáfa (Moundkrater)

Moundkrater

Den Abul Wáfa ass en Aschlagkrater an der Géigend vum Moundequator op der Récksäit vum Äerdmound. E läit tëscht de Kratere King am Nordosten a Vesalius am Südwesten. Genee ëstlech läit d'Kraterkoppel Ctesibius an Heron.

Abul Wáfa
Koordinaten 0°57'36"N, 116°37'48"O
Duerchmiesser 54,2 km
Déift 2.800 m
Genannt no Abu l-Wafa
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ14

D'Begrenzung vum Krater erënnert un en ofgerënnten Diamant. De Kraterrand an déi bannenzeg Ramplie sinn duerch Aschléi erodéiert a weise Virspréng, déi méiglecherweis eemol Terrassen oder opgetiermt Stengofhäng waren.

E klengen, awer däitlech erkennbare Krater läit um Nordrand vum Kraterbuedem, an e weidere klenge Krater läit direkt beim südwestleche Bausserampli.

Lëscht vun den Niewekrateren vum Abul Wáfa
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 1,44° N, 116,83° O7 17 km [1]
Q 0,02° N, 115,85° O7 31 km [2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren