Abtei Notre-Dame vu Leffe
Geographesch Koordinaten: 50° 16’ 08.77’’ N 4° 54’ 26.68’’ O
D'Abtei Notre-Dame vu Leffe ass eng Abtei déi 1152, am Quartier Leffe, zu Dinant gegrënnt gouf. Se gëtt vu Premonstratenserpatere gefouert.
Déi meescht Gebaier, déi haut nach stinn, stamen aus dem 17. an 18. Joerhonnert. 1796 goufe se deelweis zerstéiert a verkaaft. 1903 koumen Trappisten vun der Abtei Saint-Michel vu Frigolet bei Tarascon), fir se hirer ursprénglecher Bestëmmung nees zouzeféieren. 1937 waren et d'Premonstratenser vun Tongerlo, déi se nei belieft hunn.
D'Uergel ass aus der Uergelmanufaktur Thomas.
Brauerei
ännerenBis 1809 gouf an der Abtei Béier gebraut. 1952 huet d'Brauerei Lootvoet d'Lizenz kaaft, fir Leffe-Béier kënnen ze produzéieren. Haut gehéiert d'Mark der InBev.
Um Spaweck
ännerenCommons: Abtei vu Leffe – Biller, Videoen oder Audiodateien |