Den Abraham Hulk Sr., gebuer zu London 1813, an och do gestuerwen 1897, war de bekanntste Moler aus der Hulk-Famill, zu där säi Brudder, den John Fredrick Hulk, a säi Bouf den Abraham Hulk Jr. gehéiert hunn.

Hollännesch Fëscherbooter beim Sonnenënnergang

Hien huet haaptsächlech Biller vu Schëffer gemoolt, wougéint déi aner Zwéin, Landschaften a Biller vu Stied gemoolt hunn.

Den Hulk huet op der Akademie vun Amsterdam beim Portraitsmoler Jean-Augustin Daiwaille geléiert, huet tëscht 1833 an 1834 Reesen an Nordamerika gemaach, an huet sech duerno an Holland etabléiert, wou en zu Amsterdam, Nijkerk, Enkhuizen, Haarlem, an Oosterbeek gelieft huet. 1870 ass den Abraham Hulk erëm zeréck op London gaangen, wou en och gestuerwen ass.

Seng Biller gläichen deene vun de Moler aus der hollännescher romantescher Schoul vum 17. Joerhonnert, déi vill Biller vum alldeegleche Liewen, an Naturbiller, mat enger Virléift fir Detailer, a mat vill Gefill fir d'Natur gemoolt hunn.

Déi Biller waren an där Zäit besonnesch bei Membere vun der Bourgeoisie beléift, déi zu de sougenannte Mëttelklasssammler gezielt ginn.

Ausstellungen änneren

  • Amsterdam, Den Hag, a Leeuwarden tëscht 1843 an 1868
  • Royal Academy vun 1876 bis 1890

Biller vum Abraham sinn hautdesdaags ze gesinn am:

Um Spaweck änneren

Commons: Abraham Hulk Sr. – Biller, Videoen oder Audiodateien