Abee (Meteorit)

Meteorit

De Meteorit Abee ass e Steemeteorit, deen den 9. Juni 1952 an der Provënz Alberta a Kanada op d'Äerd gefall ass. Hie gouf als EH4-chondritesche Breckzie klassifizéiert. Am Ganze goufen 107 kg vum Meteorit erëmfonnt.

De geschlaffene Steemeteorit Abee

Den Abee ass dee bis elo gréisste bekannten Enstatit-Chondrit. Wéinst senger Zesummesetzung an Textur gëtt ugeholl, datt hien eng grouss impakträich Geschicht muss hunn. Interessant ass och, datt hien, verglach mat anere Meteoritten, relativ wéineg Sauerstoff huet. Doraus gëtt ugeholl, datt säi Mammekierper an engem sauerstoffaarme Beräich vun der protoplanetarer Scheif entstanen ass. Den Abee gouf dofir och scho mat dem Merkur a Verbindung bruecht, wat allerdéngs bis elo ëmstridden ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren