A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society

A Crooked Line ass e Buch aus dem Joer 2005 vum britteschen Historiker Geoff Eley. Et ass e Mëttelwee tëscht Biographie an historescher Analys. Andeems den Geoff Eley dorop ageet, wéi sech d'Geschichtsschreiwung an där Zäit verännert huet an där hie selwer als Historiker geschafft huet, probéiert hien dem Lieser en Abléck an d'Verännerungen an d'Wandlungen an der Historiographie ze ginn.

Den Geoff Eley selwer seet iwwer dëst Buch, datt et probéiert historesch Debatten, politesch Verännerungen a gesellschaftlech Prozesser op hiren Afloss op déi eenzel Leit z'ënnersichen, déi an déi Prozesser verwéckelt sinn. A Crooked Line beschäftegt sech virun allem mam Wiessel vun der Sozial- zu der Kulturgeschicht an den Eley beschäftegt sech doriwwer eraus mat der Fro no der Roll vum Historiker am 21. Joerhonnert. Dobäi kënnt hien zu der Feststellung, datt Kulturgeschicht an d'Sozialgeschicht net ontrennbar sinn an datt ee soll probéieren eng Geschicht ze schreiwen, déi aus béidem schäfft. Ganz besonnesch ass hien der Meenung, datt der Sozialgeschicht erëm méi Bedeitung muss zougesprach ginn.