Śmigus-dyngus, och Lany poniedzialek ("naasse Méindeg") genannt, ass e Brauch a Polen, deen dora besteet, datt jonk Männer op Ouschterméindeg Fraen a Meedercher naass maachen; sief et, datt se se mat Waasser besprutzen, sief et, datt se se carrément an d'Waasser (z. B. an eng Bidden oder e Weier) geheien.

Śmigus-dyngus zu Sanok.

De Brauch ass schonn am Mëttelalter beluecht a gëtt entweeder op d'Daf vum Herzog Mieszko I. (ëm 935 - 992) op Ouschterméinden, mat där Polen 'offiziell' chrëschtlech gouf, zeréckgefouert, oder awer nach méi wäit op e virchrëschtlecht Rengegungs- a Fruchtbarkeetsritual. Śmigus wier deemno den Numm vun enger Gottheet gewiescht, déi dem Waasser nostéing, an Dyngus dee vun enger, déi Blëtz an Donner méich.

An der Vergaangenheet goufe virun allem onbestuete Meedercher "Affer", op déi e Jong en A geworf hat - si goufen da muerjes mat engem Eemer Waasser an hirem Bett erwächt -; haut ass et méi e Spaass, méiglechst vill (weiblech) Leit naass ze maachen.

En änleche Brauch gëtt et och an Ungarn, Tschechien an der Slowakei.

Um Spaweck änneren

Commons: Wet Monday – Biller, Videoen oder Audiodateien