ö! Transition Luxembourg Magazine

ö! Transition Luxembourg Magazine, kuerz ö!, ass den Titel vun enger digitaler Zäitschrëft, déi vum lëtzebuergesche Reseau vun den Transition-Aktiounsgruppen erausbruecht gëtt.

D'Zäitschrëft kënnt zënter Februar 2015 all Mount am PDF-Format eraus a gëtt per E-Mail verschéckt an iwwer sozial Medie verbreet. Déi éischt Ausgabe koumen ënnert dem Titel Wandzeitung ö! eraus.

ö! ass multikulturell ausgeriicht an enthält Bäiträg op Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch.

D'Auteursrechter vun den eenzele Bäiträg (Texter a Biller) bleiwe beim jeeweilegen Auteur.

Um Spaweck änneren