Éislek Trail, offiziell Escapardenne Eisleck Trail,[1], ass e Wanderwee op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, deen iwwer 104 km follgend Etappe virgesäit:

Éislek Trail
Den Topoguide vum Éislek Trail

Den Topoguide vum Éislek Trail
Den Topoguide vum Éislek Trail
Streck: Kautebaach - La Roche-en-Ardenne
Distanz: 104,8 km
Symbol:
Depart Arrivée Distanz
Kautebaach Klierf 25,5 km
Klierf Aasselbuerer Millen 18,8 km
Aasselbuerer Millen Houffalize 21,7 km
Houffalize Nadrin 21,4 km
Nadrin La Roche-en-Ardenne 17,4 km

Den Éislek Trail ass als Projet am Kader vum EU-Programm Interreg IV-A tëscht 2009 an 2012 entwéckelt ginn. Haaptpartner waren de Parc naturel des deux Ourthes op belscher Säit an d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur fir déi lëtzebuergesch Streck. Den Éislek Trail gouf den 1. Oktober 2012 ageweit a krut de Label vun der Europäescher Wandervereenegung.

2015 gouf den Escapardenne Lee Trail inauguréiert, deen den Éislek Trail mat der Nordstad verbënnt.

Literatur änneren

  • Castermans Marie-Eve, Sébastien Este, Yves Kail, Michèle Paligot & Claude Schiltz, 2012. ESCAPARDENNE Eisleck TRAIL. Parc naturel des deux Ourthes & natur&ëmwelt - Fondatioun Hëllef fir d'Natur. 182 p.
  • Milbert, N., 2012. Offizielle Einweihung des Wanderwegs "Escapardenne - Éisleck Trail". Wilder Charme der Ardennen. Luxemburger Wort vum 3. Oktober 2012, S. 29.

Illustratiounen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Notten änneren

  1. Den offiziellen Numm gouf net als Lemma agesat, well en engersäits Schreiffeeler enthält, a well de Wee zu Lëtzebuerg kuerz als Éislek Trail bezeechent gëtt (op Belscher Säit gëtt e kuerz als "Escapardenne" bezeechent).