D'helleg Zita (Zitha), gebuer 1218 zu Bozzanello (Monsagrati) bei Lucca an der Toscana (Italien) a gestuerwen de 27. Abrëll 1278 zu Lucca, ass eng italieenesch Helleg, déi och zu Lëtzebuerg veréiert gëtt.

D'helleg Zita an der Basilica di San Frediano vu Lucca

D'Zita als Déngschtmeedchen änneren

D'Zita, déi mat hirer méi jonker Schwëster Margaretha, an der äermlecher Duerfgemeinschaft vu Bozzanello opgewuess ass, koum mat 12 Joer an den Déngscht vun der adeleger Famill Fatinelli, déi zu Lucca gewunnt huet, a bäi där si bis zu hirem Doud bliwwen ass.

Der Iwwerliwwerung no huet d'Zita e ganz frommt Liewe gefouert a sech ganz an den Déngscht vun den Aarme gestallt. Si ass an der San-Frediano-Kierch zu Lucca begruewe ginn. Do ass hire Kierper, dee sech net zersat huet, hautdesdaags an engem Glasschräin exposéiert.

Den Zita-Kult änneren

No hirem Doud huet sech e richtege Kult ëm d'Zita entwéckelt. Si ass besonnesch vun Hausfraen an Déngschtmeedercher veréiert ginn. Hire Kult, deen de Bëschof Paganello[1] schonn 1278 unerkannt hat, war an der Géigend sou verbreet, datt den Dante (Inferno, XI, 38) an de Fazio degli Uberti (Dittamondo, III, 6) allebéid d'Stad Lucca einfach "Santa Zita" genannt hunn.[2]

1696 huet den Innozenz XII. d'Unerkennung vun der Zita hirem Kult konfiméiert. 1748 huet de Benedikt XIV. hiren Numm an de Martyrologium Romanum, d'offiziell Lëscht vun de réimesch-kathouleschen Hellegen, androe gelooss.[3]

De 26. September 1953, huet de Pius XII. si offiziell zur Patréinesch vum Déngschtpersonal an den Haushälterinnen ernannt.[4] Hiert Fest gëtt de 27. Abrëll gefeiert.

Veréierung vun der hl. Zita zu Lëtzebuerg änneren

D'Zita war souzesoen d'Giedel vum Zitaveräin, dem "Verein der hl. Zita für christliche Dienstmägde", deen den 28. Mäerz 1872 vum Paschtouer Nicolas Wies zesumme mat den Dammen Anna Bové a Luzia Margareta Niederprüm an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf, an aus deem 1875 d'Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren ervirgaangen ass.

An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng Zithastrooss (L-2763 rue Sainte-Zithe) an an där Strooss d'Zitha-Klinick.[5]

Literatur änneren

  • Baring-Gould, S. (1914): The lives of the saints. New and revised edition. Volume the fourth: April. Edinburgh, John Grant, 382 S. (Zita: S. 354-356). [1]
  • Farmer, D.H. (1996): Oxford Dictionary of saints. 3rd edition. Oxford, Oxford University Press, 530 p. (First edition 1978, third edition 1992, reissued in new covers 1996) (Zita: S. 513f.).
  • Grosber, J.J. (1997): 125 Jahre Werden, Wachsen und Wirken der “Zitaschwestern”. Luxemburger Wort 1997 (25. März), S. 7.
  • Hahn-Hahn, Ida von (1878): Die heilige Zita: Dienstmagd zu Lucca im 13. Jahrh.

Mainz, Kirchheim, 143 S.

  • Kutten, Edouard (1995): Luxemburg und seine Heiligen. Kirchliche Manipulation mit Heiligenlegenden. Luxemburg, COPE, 144 S. (Zita: S. 52).
  • Schneiders, Brigitte (2004): Wer war die heilige Zita, deren Namen Programm der Zitha Gruppe ist? In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 1, Juli 2004, S. 6. [2]
  • Wolf, Kenneth B. (2008): Life of St. Zita of Lucca. Medieval Texts in Translation, 2008. Web. 22 May 2009. [3]

Referenzen änneren

  1. Paganello da Porcari, Bëschof vu Lucca vun 1274–1300 Archivéiert op 2011-07-22. Gekuckt de(n) 2009-12-02.
  2. Catholic Encyclopedia: St. Zita
  3. Farmer 1996, S. 513.
  4. Kirchenlexikon
  5. Zithaklinick

Um Spaweck änneren


Commons: Zita – Biller, Videoen oder Audiodateien