D'Yvonne Useldinger, gebuer Yvonne Hostert de 6. November 1921 zu Stengefort a gestuerwen den 11. Februar 2009[1] zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Politikerin (KPL), Fraen-Aktivistin a Resistenzlerin.

Yvonne Useldinger
Gebuertsnumm Yvonne Hostert
Gebuer 6. November 1921
Stengefort
Gestuerwen 11. Februar 2009
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Resistenzler
Partei KPL
Famill
Bestuet mat Arthur Useldinger

Liewen änneren

D'Yvonne Hostert ass zu Déifferdeng opgewuess a gouf 1937 Member vun der Sozialistescher Jugend.[2] 1938 ass si der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) bäigetrueden. 1940 huet si sech mam Arthur Useldinger bestuet, engem vun den Haaptleit vun der KPL. 1941 gouf si eng éischt Kéier vun der Gestapo verhaft, gouf awer nees fräigelooss, well hir näischt nogewise konnt ginn. Ee Joer drop - si huet an der Tëschenzäit e Puppelchen erwaart – gouf si mat hiren Elteren Alfons a Katharina Hostert an hirem Brudder Walter openneis verhaft. Hir Duechter Fernande ass am Police-Prisong vun Tréier op d'Welt komm. Enn Juni 1943 gouf si an d'KZ Ravensbrück verschleeft, wou se méi spéit Member vun der illegaler Lagerorganisatioun gouf.

Hire Papp koum fir d'éischt an d'SS-Sonderlager Hinzert an dunn an d'KZ Mauthausen, hire Brudder an d'KZ Dachau. Just hir Mamm gouf nees fräigelooss an huet sech ëm de Puppelche gekëmmert.

D'Yvonne Useldinger gouf am Dezember 1944, vum KZ Ravensbrück an en Niewelager, dat vum Siemens-Konzern direkt niewendrun opgebaut gi war, iwwerfouert. Nodeem d'Rout Arméi d'KZ Ravensbrück befreit hat, gouf se Enn Abrëll 1945 vum schweedesche Roude Kräiz a Schweden evakuéiert (Aktioun „Bernadotte“). Kuerz drop koum se zeréck op Lëtzebuerg.

1945 huet si d'Union des Femmes Luxembourgeoises (UFL) mat gegrënnt, a gouf méi spéit hir Presidentin.

Der Yvonne Useldinger hiert Tagebuch ass eent vun de wéinegen Originaldokumenter, déi aus dem KZ Ravensbrück gerett konnte ginn.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://tageblatt.editpress.lu/news/117/ARTICLE/11268/2009-02-11.html "Yvonne Useldinger s'est éteint." tageblatt.lu.
  2. Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun deem mam selwechten Numm aus der däitschsproocheger Wikipedia