De Yuty ass en Aschlagkrater um Flaachland Chryse Planitia um Planéit Mars.

Yuty (Marskrater)
Foto vun der NASA-Sond Viking 1 am Joer 1977.
Eegenschaften
Regioun Chryse Planitia
Koordinaten 22° 24' N. 34° 12' W
Duerchmiesser 20 km
Entdecker Viking 1
Genannt no der Stad Yuty am Paraguay

En huet eng Gréisst vu ronn 20 Kilometer an d'Gebitt ronderëm ass vun Ausworffläpp iwwerdeckt. E méi ale Krater ass deelweis dovun iwwerdeckt. D'Uewerflächestrukturen déi ee bei Marskrateren am Beräich vun den equatorialen a mëttlere Längtegraden dacks observéiere kann, berouen no der aktueller Theorie op Usammlunge vun Äis ënner dem Buedem. D'Schmëlzwaasser dat duerch den Aschlag entsteet, verflëssegt d'Ausworfmaterial a begënschtegt d'Entstoe vu sou Strukturen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie