De Chryse Planitia ass eng grouss Fläch um Planéit Mars. Den Numm leet sech aus dem Algriicheschen of a bedeit souvill wéi „Gëlle Fläch“.

Chryse Planitia
D'Landegebitt vun der Sond Viking 1 am Chryse Planitia.
Eegenschaften
Regioun Chryse Planitia
Breet a Längt ♁27° 0′ N, 37° 0′ W
Ausdeenung 500000 km
Déift 2,5 km
Entdecker
Genannt nom Algriichesch a bedeit
souvill wéi „Gëlle Fläch“

Den Zentrum vum Gebitt huet en Duerchmiesser vu 1.600 km an eng Déift vu bis zu 2,5 km. D'Positioun ass 27° nërdlech Breeet a 37° westlech Längt. D'Gebitt ass ronn 500.000 km2 grouss.

Chryse Planitia ass eng riseg Muld, déi 2 bis 4 km ënner der topographescher Nulllinn vum Planéit läit. Si ass warscheinlech duerch den Aschlag vun engem grousse Meteorit entstanen. Déi gréisst Ausflossdäller vum Mars, Kasei Vallis, Ares Vallis, Tiu Vallis a Simud Vallis mënden an dëser Muld. Viru ronn 3 Milliarde Joer sinn do offesiichtlech gewalteg Waassermasse gefloss. Déi matgefouert Steng a Sand hu sech am Chryse Planitia als Sedimenter ofgelagert.

Well d'Regioun geologesch intressant ass, waren do zwou Raumsonde gelant:

  • Den 20. Juli 1976 war d'Sond Viking 1 gelant an hat éischt Fotoe vun der Marsuewerfläch gemaach.
  • beim Iwwergank vum Ares Vallis zum Chryse Planitia war de 4. Dezember 1996 d'Raumsond Pathfinder gelant. De matgefouerte Marsrover Sojourner hat bis de September 1997 d'Ëmgéigend vun der Sond ënnersicht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie