Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Wigan Athletic FC (Spëtznumm The Latics) ass en englesche Foussballveräin zu Wigan am Greater Manchester. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Premier League, der héchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am JJB Stadium.

Wope vu Wigan Athletic FC
Wope vu Wigan Athletic FC

De Veräi gouf 1932 gegrënnt. Si hunn de gréissten Deel vun hirer Geschicht a lokale Lige gespillt, a sinn eréischt 1978 an déi véierthéchste Spillklass vum englesche Foussball erageklomm. Tëscht 1997 an 2005 sinn si dräimol opgestigen, a sinn domat an Zäit vu manner wéi 10 Joer vun der deemoleger Third Division (der véierthéchster Spillklass) bis an d'Premier League opgestigen. Hei waren si um Enn vun de Saison 2005/06 op der 10. Plaz, déi bescht Platzéierung am englesche Foussball Liga System.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vu Wigan Athletic FC

Commons: Wigan Athletic FC – Biller, Videoen oder Audiodateien