Wëlleschbaach (Äisch)

D'Wëlleschbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Käerjeng.

Wëlleschbaach
Den Dall vun der Wëlleschbaach op der Héicht vum fréieren Dreckstipp vu Kënzeg hannendrun de Grasserbësch a riets de Reifelswénkel
Längt 3 400 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Féngeg
(Märchen / Pëllenaker)
Héicht 360 m
Koordinaten 49° 36’ 12.7’’ N 05° 54’ 53.2’’ O
Konfluenz
Leeft an Äisch
Plaz L/B Grenz
Héicht 319,10
Koordinaten 49° 36’ 46,9’’ N 05° 52’ 31,6’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Guttland
Uertschaften Féngeg, Kënzeg
Séilen

Si huet hir Quell op enger Héicht vu ronn 360 Meter an enger Zoch där hir Spëtz un dat klengt Muer Märchen am Oste vu Féngeg stéisst. Se leeft vun do aus eng 1.600 Meter no Norden duerch de Buchebësch, fir dann op enger Héicht vun 331 Meter am Reifelswénkel no Westen ze dréinen.

No 1.200 Meter leeft se ënner dem CR110 erduerch, laanscht de fréieren Dreckstipp vu Kënzeg, a 600 Meter méi déif ënner der fréierer Eisebunnsstreck Atertlinn erduerch, fir dann tëscht de Gossemaarken LB55 an LB56 an d'Millebaach a mat där weider an d'Äisch ze lafen.