Féngeg

Uertschaft an der Gemeng Käerjeng

Féngeg (lokal: Féngig[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Kënzeg gehéiert, déi mat der Gemeng Nidderkäerjeng zur Gemeng Käerjeng fusionéiert huet.

Féngeg
Féngig
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Fingig
de: Fingig
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Awunner 320
  2006
Fläch 361,9818 ha
Héicht 354 m
Koordinaten 49° 36’ 9’’ N
      5° 53’ 59’’ O

Hydrogeographesches änneren

Féngeg läit um Waasserscheed vum Rhäin- a vum Meusebaseng. Déi Linn läit an der Uertschaft selwer praktesch de ganzen Zäit um CR101, bis an den Ausgank vum Duerf an Direktioun Héiweng. Bei de leschten Haiser geet se da vun der Strooss fort no Südosten, hanne laanscht déi zwee lescht Haiser, erop op d'Kopp bei de klenge Muer Märchen, wou se dann op Héiweng an der Gemeng Garnech eriwwer zitt.

D'Märchen ass e klenge Muer op der Gemengegrenz mat enger Waasserfläch vu ronn 20 Ar. Ronderëm zitt sech e klenge Bësch, an dat Ganzt ass ongeféier 2 ha grouss.

D'Baachen déi zu Féngeg hir Quellen hu lafen all weider an d'Musel a gehéieren domat zum Anzuchsgebitt vum Rhäin. Et sinn dëst: d'Falterbaach, d'Këschel an d'Wëlleschbaach.

Eng vun deenen dräi soll wann et dem Recueil de statistiques par commune 2003 nogeet, d'Quell vun der Äisch sinn.

 
De Wäschbuer zu Féngeg, Quell vun der Këschel

Bekannt Leit vu Féngeg änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Féngeg – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Vue vun Norden op Féngeg - 20.04.2008

Referenzen an Notten änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.