Virgrupp

(Virugeleet vu(n) Virband)

Eng Virgrupp oder Virband ass eng Museksgrupp, déi bei engem Concert virum Optrëtt vum Haaptkënschtler, deen Headliner genannt gëtt, spillt. Op Englesch heescht d'Virgrupp Opening Act oder Support Act. Déi Begrëffer, an d'Kuerzformen Opener a Support, ginn och am Lëtzebuergeschen dacks gebraucht. Si hunn de Virdeel, datt si och fir Solokënschtler benotzt kënne ginn, well net all éischt Partie vun enger Grupp assuréiert gëtt. Alternativ bezeechent d'Wuert Virprogramm den Deel virun der Virstellung, fir déi d'Zuschauer eigentlech komm sinn.

Den Zweck vun der Virgrupp ass et, d'Publikum "opzewiermen" an a Stëmmung ze brénge fir den Optrëtt vum Headliner. An der Rock- a Popmusek an am Hip-Hop trieden am Virprogramm generell eng Grupp oder e Kënschtler op, déi manner bekannt si wéi den Headliner. D'Virband oder den Opener kritt dowéinst och ëmmer eng méi kuerz Spillzäit wéi den Haaptkënschtler an deelweis och manner Plaz op der Bün.

En Opener gëtt et net nëmme bei musikalesche Concerte, mee och zum Beispill an der Stand-Up-Comedy.

Um Spaweck änneren

Commons: Virgrupp – Biller, Videoen oder Audiodateien