Popmusek, oder kuerz Pop genannt, ass en Iwwerbegrëff fir verschidde populär Museksrichtungen. Déi modern Popmusek huet sech an den 1950er Joren entwéckelt an zeechent sech als Genre duerch e groussen Eklektizismus aus, dee sech zum Beispill u sou verschiddene Stiler wéi Rockmusek, Countrymusek, elektronescher Musek oder latäinamerikanescher Musek inspiréiere kann. Trotzdeem gëtt et zentral Elementer, déi d'Popmusek auszeechent, wéi déi kuerz- bis mëttellaang Dauer vun de Lidder (2-5 Minutten), d'Schreifformat, dat bal ëmmer op enger Stroph-Refrain-Struktur opgebaut ass, an d'Widerhuele vun engem Refrain mat agängege Melodien.[1]

D'Rihanna gehéiert zu den erfollegräichste Popsängerinne vum 21. Joerhonnert

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. about.com: What Is Pop Music? (gekuckt de 5. Mäerz 2013)