De Vincent Artuso, gebuer 1980, ass e lëtzebuergeschen Historiker an Auteur.

Vincent Artuso
Gebuer 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Nom Secondaire am Escher Lycée Hubert-Clément (A-Sektioun) huet de Vincent Artuso op der Universitéit Lëtzebuerg an op der Université Paris-1 Panthéon-Sorbonne Geschicht studéiert. Hien huet 2011 eng Thees iwwer d'Kollaboratioun am Lëtzebuerger Land wärend dem Zweete Weltkrich op béiden Universitéite gläichzäiteg verdeedegt (thèse en co-tutelle, ënner der Leedung vun de Professere Pascal Ory a Michel Pauly). Zanterhier war hien, bis Enn 2014, wëssenschaftleche Mataarbechter op der Universitéit Lëtzebuerg.[1]

De Vincent Artuso schreift a verschiddenen Zeitungen an Zäitschrëften, wéi z. B. d'Revue, de forum oder d'woxx.

De "Rapport Artuso" änneren

Am Kader vun engem Fuerschungsprojet, deen d'Regierung der Uni an Optrag ginn hat, huet de Vincent Artuso 2013-2014 eng Recherche gemaach, déi ë. a. d'Roll vun der Verwaltungskommissioun zu Lëtzebuerg an den éischte Méint vun der däitscher Besatzung 1940-1944/45 méi genee ënner d'Lupp geholl huet.

Se gouf ënner dem Titel La 'question juive' au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies, publizéiert.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • La « question juive » au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Rapport final remis au Premier ministre le 9 févirer 2015. Uni Lëtzebuerg, 2015. PDF Download bei rtl.lu; PDF-Download bei gouvernement.lu.
  • La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940-1945) - Accommodation, adaptation, assimilation ; Luxemburg-Studien / Études luxembourgeoises 4; Frankfurt a. M. (Peter Lang Verlag), 2013; 394 Säiten (Quellen & Bibliographie: Ss. 369-394). ISBN 978-3-631-63256-7
  • La question juive au Grand-Duché ; in: woxx, Nr. 1210 (12/04/2013), Ss. 6-7 (ill.).
  • Adaptation ; in: woxx, Nr. 1206 (15/03/2013), Ss. 8-9 (ill.).
  • Dépasser le mythe national; in: d'Lëtzebuerger Land, 11. November 2011

Literatur änneren

  • Henri Wehenkel, L'aventure historique de Vincent Artuso - Compte rendu de 'La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940-1945)' ; in: forum, Nr. 332 / September 2013; Ss. 57-62 (ill.).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vincent Artuso – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "'Es war ein großer Moment'." wort.lu, 11. Februar 2015 um 19:02.