forum für Politik, Gesellschaft und Kultur ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi sechsmol (bis Enn 2021: zéngmol)[1] am Joer erauskënnt.

Forum
Typ Zäitschrëft
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Englesch,
Lëtzebuergesch
Éischt Ausgab 1976
Websäit http://www.forum.lu/

Beschreiwung änneren

D'Zäitschrëft forum gëtt vun enger ASBL mam selwechten Numm publizéiert[2] an huet gewéinlech ee Schwéierpunktthema, de sougenannten Dossier. Do donieft gëtt et Hannergrondreportagen iwwer Kultur a Kulturpolitik; reliéis a gesellschaftlech Theemen, politesch Entwécklungen an d'Geschicht vu Lëtzebuerg.

forum ass 1976 aus dem Bulletin d'information de la Jugendpor Lëtzebuerg ervirgaangen, enger Zäitschrëft vu kritesche Chrëschten, déi hir reliéis a gesellschaftlech Vuën am Luxemburger Wort net vertruede gesouchen.[3] Bis 2000 war den Ënnertitel dann och fir kritesch Informatioun iwwer Politik, Kultur a Relioun; den aktuellen Ënnertitel ass für Politik, Gesellschaft und Kultur.

D'Redaktioun gëtt vun 2 feste Mataarbechter geleet; déi meescht Kontributioune komme vun externen Auteuren, déi, jee no Dossier, een oder méi Artikelen zu hirem Spezialgebitt bäisteieren.[4]

2010 louch d'Drockoplo bei 1.900 Stéck. Knapps 1.100 dovu waren Abonnementer, tëscht 150 an 250 Stéck goufen an den Zeitungsbutteker verkaf.[4] D'Artikele si meeschtens op Däitsch oder Franséisch, méi seelen op Lëtzebuergesch oder Englesch.

Nieft der Zäitschrëft publizéiert forum geleeëntlech Bicher[5] an organiséiert ënner dem Numm public forum Table ronden zu gesellschaftlech aktuellen Theemen.

Den 20. Oktober 2010 gouf forum vun der Fondation Alphonse-Weicker mam Prix du progrès économique durable ausgezeechent.[4]

Zanter Januar 2022 ass d'Zuel vun den Nummeren op sechs am Joer erofgesat ginn; dofir gouf den Internetsite ausgebaut, fir méi Diskussiounen z'erméiglechen an Debatten am Kader vu public forum ze streamen.[1]

Literatur änneren

  • Pauly, Michel, 2000. 200 Ausgaben, 25 Jahre. Wird forum gebraucht? Forum 200, S. 61-63. PDF
  • Stoldt, Jürgen, 2010. 200 bis 300. Eine Bilanz zu weiteren 10 Jahren forum. forum Nr. 300 (Okt. 2010): 4-5. Pdf [163 kB]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "forum 2022." forum.lu, 14. Dezember 2021.
  2. Statute publizéiert am Handelsregëster vun der Stad Lëtzebuerg vum 15. Juli 1985. Zit. n. Stoldt 2010 an der Literatur.
  3. Michel Pauly, 2010. Nachruf - René Vesque (1930-2010). Forum 302, S. 57-58. PDF
  4. 4,0 4,1 4,2 Cf. Stoldt 2010: 5 an der Literatur.
  5. Sou z. B. Thiel, Marc, 1993. 'D'Wäschfra'. Histoire d'un journal satirique. éditions forum.