Viaduc vu Garabit
Thumb
Informatiounen
Land Frankräich
Stad Garabit
Geographesch Lag
Längt 564,84 m.
Gréisst Spanwäit 165 m
Breet
Héicht (Pilieren) 80 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
Léon Boyer
Gustave Eiffel
Typ Boubréck
Material Metall
Baujoer 1880 -1884
Kategorien
Brécken a Frankräich Boubrécken

De Viaduc vu Garabit ass eng Eisebunnsbréck bei Ruynes net wäit ewech vu Saint-Flour am Cantal. Si steet op der Linn Marvejols-Neussargues a geet iwwer d'Gorges de la Truyère. Et ass eng metalle Bréck an ass vum Gustave Eiffel am Joer 1884 gebaut ginn, mä eréischt 1888 a Betrib geholl ginn.

D'Bréck huet ee stolen Tablier dee 564,85 m laang ass an op siwe Piliere steet, wouvun déi héchst 80 m hunn. Déi dräi Felder iwwer den Dall hunn an der Mëtt ee Bou mat enger Spanwäit vun 165 m an enger Héicht vun 52 m. Op deenen zwou Säite sinn nach am Stee gebaut Viaduce vu 46 an 71 m. D'Héicht iwwer der Truyére bei Nidregwaasser war bis 1959 122.5 m. Duerch de Bau vum Staudamm zu Grandval ass e Séi entstanen deen 28 km laang ass an de Viaduc ass elo nach 95 m iwwer dem Waasser.

Déi éischt Iddi fir eng metalle Bréck ze baue war vum Ingenieur Léon Boyer, mat dem Gedanke sou eng grouss Ofkierzung ze kréien amplaz durch den Dall ze fueren.

Wéinst de Schwankungen déi Hänkbrécken hu war de Bau vu sou enger ausgeschloss ginn. De Léon Boyer hat als Virbild de Viaduc Maria Pia iwwer den Douro a Portugal dee vum Théophil Seyrig engem Associé vum Eiffel gebaut gi war.

Bei der Bréck goufen 20.400 m3 am Stee gebaut. Vun Eisen a Stol goufen 3169 Tonne geschmiedt Eisen, 41 Tonne Stol an 23 Tonne Goss gebraucht. 678.768 Nitte si verschafft ginn, an de Bau vun der ganzer Bréck huet vun 1880 bis 1885 gedauert.

Chronologie änneren

Filmer änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Bréck gouf als Filmplaz fir zwee Filmer benotzt: de Krichsfilm Un homme de trop aus dem Joer 1967 an de Katastrofefilm The Cassandra Crossing aus dem Joer 1976, wou en als Cassandra Bridge gesinn gouf, wat a Gefor war ze kollapéieren. Wéi och ëmmer, de Film huet a Polen stattfonnt.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Viaduc de Garabit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "The Cassandra crossing". The New York Times. (en)