Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Metaller sinn déi gréisst Grupp vun de cheemeschen Elementer, ongeféier 80 % vun den Elementer si Metaller. Am Periodesystem vun den Elementer si se kenger bestëmmter Rei oder Period zougedeelt, mä se si lénks an ënner der Linn vum Bor zum Polonium. Uewe riets sinn d'Net-Metaller, dertëscht d'Hallefmetaller.

Nieft de Metaller déi een am Periodesystem fënnt, an déi nëmmen aus engem eenzegen Element bestinn, gëtt et och nach Alliagen déi aus méi Zorte Metall bestinn. Bekannt Alliagë si Bronze a Messeng.

Um Spaweck änneren

Commons: Metaller – Biller, Videoen oder Audiodateien