Véronique
weibleche Virnumm
Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op eng chrëschtlech Helleg zeréckgeet.
E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.
Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:
- φέρειν - droen
- Νίκη - d'Victoire
Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.
Hellegelegend änneren
D'Helleg Véronique soll dem Jesus bei senger Passioun e Schweessduch ginn hunn, fir säi Gesiicht ofzebotzen.
Am Volleksmond heescht et, datt den Numm Véronique vum laténgeschen vera (wouer, echt) a vum griicheschen Εικών (eikon, Bild) ofstame soll. Deemno soll d'Hellegt Véronique dat "richtegt Bild" vum Jesus um Schweesduch kritt hunn.
Gedenkdag änneren
Hire Gedenkdag ass de 4. Februar.
Bekannt Frae mat deem Virnumm änneren
Véronique änneren
- Véronique Genest, franséisch Schauspillerin
- Véronique Jannot, franséisch Schauspillerin
- Véronique Fauconnet (* 1966), franséisch Actrice a Regisseurin
- Véronique Kolber (* 1978), lëtzebuergesch Fotografin
- Véronique Linster (* 1968), lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olymionikin
- Véronique Sanson, franséisch Sängerin.
Veronica änneren
- Veronica Campbell-Brown (* 1982), jamaikanesch Sprinterin an Olympiagewënnerin
- Veronica Carstens (1923–2012), däitsch Medizinerin
- Veronica Cartwright (* 1949), brittesch Schauspillerin
- Veronica Ferres (* 1965), däitsch Schauspillerin
- Veronica Guerin (1958–1996), iresch Journalistin
- Veronica Hart (* 1956), US-amerikanesch Schauspillerin
- Veronica Lake (1922–1973), US-amerikanesch Schauspillerin
- Veronica Maggio (* 1981), schweedesch Sängerin
- Veronica Varekova (* 1977), tschechescht Model
Veronika änneren
- Veronika Bennholdt-Thomsen (* 1944), däitsch Ethnologin a Soziologin
- Veronika Fitz (* 1936), däitsch Volleksschauspillerin
- Veronika Kohlbach (* 1906), éisträichesch Liichtathleetin
- Veronika Meduna (* ?), neiséilännesch Biologin, Radiojournalistin a Schrëftstellerin
- Veronika Neugebauer (1969–2009), däitsch Synchronspriecherin
- Veronika von Quast (* 1946), bayeresch Schauspillerin, Komikerin a Sängerin
- Veronika Šarec (* 1968), sloweenesch Schileeferin
- Veronika Schmidt (* 1952), däitsch Schilaangleeferin
- Veronika Schneider (* 1987), ungaresch Schachspillerin
- Veronika Vitzthum (* 1963), éisträichesch Schileeferin
- Veronika Wallinger (* 1966), éisträichesch Schileeferin
- Veronika Zemanová (* 1975), tschechescht Erotik-Model
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Helleg Veronika – Biller, Videoen oder Audiodateien |