Véiergëttersteen op Schéimerech

De Véiergëttersteen op Schéimerech steet nieft dem Kierfecht op der Héicht vu Schéimerech zu Kielen.

Den Herkules

Dëst Postament, vum deem ugeholl gëtt, datt et vun Ufank un op där Plaz stoung, staamt aus der gallo-réimescher Zäit.

Vun de véier Relieffer sinn der nach zwéin erhalen, dat vum Herkules, dee méi spéit als Hellegen Antonius, den Einsiedler veréiert gouf, an eent, dat den Apollo kéint duerstellen. Déi zwéin aner, wou dovun auszegoen ass, datt eent dovun d'Gëttin Juno gewisen huet, goufen erausgemeesselt, wéi de Steeblock als chrëschtlechen Altor gebraucht gouf.

Dat op Schéimerech ass e Faksimile, den Original steet am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Véiergëttersteen op Schéimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien