Kierch Schéimerech
D'Kierch vu Schéimerech steet um Kierfecht vu Kielen a gëtt nëmmen nach als Morgue gebraucht.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Schéimerech | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Andreas | |||
Konsekratioun | 1704 | |||
Koordinaten | 49° 40’ 16.9’’ N 06° 02’ 41’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De 26. Juni 1935 gouf se zesumme mam Kierfecht op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.
Geschicht änneren
Éischt Kierch änneren
Am Joer 983 gëtt eng Kierch zu Schéimerech fir d'éischt ernimmt. Si war dem Hl. Andreas geweit. D'Kierch ass am Joer 1562 ofgerappt ginn.
Déi nei Kierch änneren
No 1562 ass eng nei Kierch gebaut ginn, déi vu 1688 bis 1693 restauréiert gouf. Am Joer 1905 ass d'Kiercheschëff ofgerappt ginn, just de Chouer an d'Sakristei si stoe bliwwen. Wëll de Kierfecht vu Kielen ëm d'Kierch läit, gëtt de Rescht vun der Kierch haut als Morgue gebraucht.[1]
Kierch vu Bannen änneren
An der Morgue steet nach en Altor am Barockstil.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierch Schéimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ es., 1944. Das unter Denkmalschutz stehende Schönberg: vom Römertempel zur heutigen Friedhofskapelle. Escher Tageblatt 1944, Nr. 108 (10. Mai), S. 4; [1] Nr. 112 (15. Mai), S. 4; [2] Nr. 113 (16. Mai), S. 5. [3] Kuckt och: Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder. Bd. 5. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, S. 27 (Aus der Geschicht vu Schéimerech).