Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen

Interkommunale Syndikat

De Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen, besser bekannt ënner dem Akronym SIDOR, ass en interkommunale Syndikat. Et ass nieft dem SIDEC an dem SIGRE ee vun den dräi Syndikater zu Lëtzebuerg, dee sech ëm d'Offallgestioun këmmert. Bei der SIDOR si 34 Gemenge aus dem Süden an dem Zentrum vu Lëtzebuerg Member.

SIDOR
D'SIDOR Verbrennungsanlag zu Leideleng (2012)
Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen
Secteur Offallgestioun
Leedung Patrick Goldschmidt
Verwaltungssëtz Leideleng
Gegrënnt 18. Juni 1971
Websäit https://www.sidor.lu/

Dem Syndikat seng Statute goufen duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. November 1991, (Mémorial B N° 55 vum 10 Dezember 1991, Säit 1040) festgehalen.

D'SIDOR ass zanter November 2019 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster ageschriwwen[1].

Geschicht änneren

Den Ufank vum Syndikat, grad wéi den Akronym SIDOR, ginn zeréck op de groussherzogleche Beschloss vum 18. Juni 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen[2]. Dëse Beschloss gouf den 12. Oktober 1971 ëmgeännert, an de Syndikat heescht zanterhier Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen[3]. De Kierzel SIDOR gouf bäibehalen.

D'Anlag fir d'Offäll ze verbrenne steet nieft dem CR163 am Bësch mat dem Numm Kiirchheck tëscht Leideleng a Beetebuerg.

Bei der Grënnung ware follgend 34 Gemengen am Syndikat:

Gemeng   Decisioun vum Gemengerot     Gemeng   Decisioun vum Gemengerot
  Bartreng 10. November 1970   Beetebuerg 11. Dezember 1970
  Déifferdeng 28. September 1970   Dippech 13. Oktober 1970
  Diddeleng 24. Oktober 1970   Esch-Uelzecht 6. Juli 1970
  Fréiseng 4. Dezember 1970   Garnech 27. November 1970
  Hesper 9. Oktober 1970   Habscht[4] 18. Dezember 1970
  Käerch 13. Oktober 1970   Nidderkäerjeng[5] 5. Oktober 1970
  Keel 16. Dezember 1970   Kënzeg[5] 9. Oktober 1970
  Kielen 17. November 1970   Conter 28. November 1970
  Koplescht 16. November 1970   Leideleng 19. Mäerz 1971
  Lëtzebuerg 19. Oktober 1970   Mamer 17. November 1970
  Monnerech 13. Oktober 1970   Nidderaanwen 5. Oktober 1970
  Péiteng 30. September 1970   Reckeng op der Mess 20. November 1970
  Réiser 24. Februar 1971   Rëmeleng 17. Dezember 1970
  Sandweiler 12. Oktober 1970   Suessem 18. Dezember 1970
  Schëffleng 14. Dezember 1970   Schëtter 19. Januar 1971
  Simmer 28. Oktober 1970   Stengefort 23. Oktober 1970
  Stroossen 29. Januar 1971   Walfer 18. Februar 1971
  Weiler zum Tuer 30. Mäerz 1971

Membergemengen änneren

Am SIDOR sinn all d'Gemengen Member, déi bei der Grënnung derbäi waren[4][5], grad ewéi d'Gemeng Steesel, déi mat den neie Statute vun 1991 dobäi koum.

Literatur änneren

  • Sidor: 25. Leudelange: Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen (Leudelange) Syndicat Intercommunal SIDOR, 1996. Print.
  • Ruppert, Paul. Wohin mit dem Müll? In: Ons Stad 1993, Nr. 43, S. 18-21.
  • SIDOR. Litho Bourg-Bourger, Luxembourg 1977, 20 S. (Broschür, déi de SIDOR fir d'Aweiung vun der Verbrennungsanlag am Joer 1977 erausginn huet).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (J102) Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables pour les communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. lbr.lu (19.11.2019). Gekuckt de(n) 16.08.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 18 juin 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. legilux.public.lu (06.07.1971). Gekuckt de(n) 16.08.2020.
  3. Arrêté grand-ducal du 12 octobre 1971 portant modification de l'arrêté grand-ducal du 18 juin 1971 autorisant la création du Syndicat intercommunal pour la construction, l'exploitation et l'entretien d'une installation destinée à la destruction des ordures des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/adm/agd/1971/10/12/n1/jo+(25.10.1971).+Gekuckt de(n) 16.08.2020.
  4. 4,0 4,1 Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréierer Gemeng Simmer vergréissert, mat där se fusionéiert huet.
  5. 5,0 5,1 5,2 d'Grënnungsmemberen Nidderkäerjeng a Kënzeg hunn den 1. Januar 2012 zur neier Gemeng Käerjeng fusionéiert.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW