Gemeng Péiteng

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Péiteng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Péiteng vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Péiteng
d'Stadhaus vu Péiteng (2015)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pétange
de: Petingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Péiteng
Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf (CSV)
Awunner 20.563
  1. Januar 2023
Fläch 1.193 ha
Héicht 279 m
Koordinaten 49° 33’ 23’’ N
      5° 52’ 37’’ O
LAU-Code LU0209
Websäit https://www.petange.lu

D'Gemeng Péiteng ass haut mat hire knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 20.563 Awunner (1. Januar 2023) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst[1].
Den Auslännerundeel louch 2010 bei 44,66 % [2].

Uertschaften an der Gemeng änneren

Geographie änneren

D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longsduerf (fr: Longlaville) an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng (fr: Aubange) op der belscher Säit.

Verkéier änneren

D'Gemeng Péiteng läit un de Linne 6 a 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.

Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE a verschidde Linne vum RGTR.

Geschicht änneren

1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zanter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minett exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.

1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunaalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

coupé; en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition
D.C. 21. Mee 1976 - A.M. 15. November 1976 - Mémorial B 1976, Säit 1425 - Projet: 1976 Jean-Claude Loutsch

Politik änneren

De Gemengerot vu Péiteng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 17 an zanter 2023 aus 19 Conseilleren zesummen.

Well op den 30. September 2022 méi ewéi 20.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun dräi op véier eropgesat ginn[3].

Zesummesetzung änneren

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer ADR CSV DP gréng LSAP Lénk Kons. PPLU
1999 0 8 1 - 6 - - -
2005 0 7 1 1 6 - - -
2011 1 8 1 2 5 - - -
2017 0 8 1 2 4 0 0 2
2023 0 6 2 2 5 0 0 4

Quell: Inneministère / RTL.lu elections.lu

Buergermeeschteren änneren

  • 1796 - 1798: Pierre Berquin, Rodange
  • 1798: Franz Thill, Rolleng
  • 1798: Nicolas Gloutin, Rodange
  • 1798 - 1800: Nicolas Thill, Rolleng
  • 1800 - 1801: Pierre Berquin
  • 1801 - 1806: Nicolas Gloutin
  • 1806 - 1810: Nicolas Bosseler, Rolleng
  • 1810 - 1811: Jean Baptiste Dehaye, Rodange
  • 1811 - 1814: François Thill sen., Rolleng
  • 1814 – 1819: Johannes Everling, Péiteng
  • 1819 - 1829: Dominique Nothomb, Péiteng
  • 1830 - 1832: Jean-Pierre Nothomb
  • 1833 - 1836: François Thill sen.
  • 1836 - 1848: Jean-Henry Reichling, Péiteng[4]
  • 1848 - 1854: François Thill sen.
  • 1854 - 1858: Pierre Tockert, Rolleng
  • 1858 - 1861: Jean Kauffmann, Péiteng
  • 1861 - 1873: Pierre Kirpach, Péiteng
  • 1873 - 1891: François Thill jun., Rolleng
  • 1891 - 1906: Jean Thill, Rolleng
  • 1906 - 1918: Jean Waxweiler, Péiteng
  • 1918 - 1921: Mathias Heinen, Péiteng
  • 1921 - 1922: Jean-Pierre Kirchen, Péiteng
  • 1925 - 1934: Marcel Schintgen, Péiteng
 
De Kulturzentrum Wax

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Péiteng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelagen änneren

Péiteng ass jumeléiert mat:

Literatur änneren

  • De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng: eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. hannert Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Déifferdeng an Diddeleng
  2. Péiteng aktuell, Informatiounsblat vun der Gemeng Péiteng, N° 87 - Mäerz 2010
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 21 juin 2023 portant fixation du nombre des échevins de la commune de Pétange à quatre. data.legilux.public.lu (21.06.2023). Gekuckt de(n) 28.06.2023.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-05.