Sunrise (Teleskop)
Sunrise ass e ballongedroene Spigelteleskop fir d'Sonnenobservatioun. Et huet e liichte Spigelsystem aus Zerodur mat enger Apertur vun engem Meter. Mat engem Heliumballon ass dat 1,8 Tonne schwéiert Teleskop op 36 Kilometer Héicht bruecht ginn, woumat Observatioune am UV-Beräich ongehënnert duerch d'Atmosphär méiglech sinn.
Virdeeler änneren
SUNRISE bitt eng Rei vu Virdeeler:
- De Seeing ass duerch d'Observatiounshéicht iwwer den turbulente Loftschichten praktesch net do
- Wärend der ganzer Missioun kënne Sonnenobservatioune gemaach ginn, well zu där Joreszäit an deene Breeten d'Sonn net ënnergeet (kuckt och Mëtternuetssonn)
- De Polarwand liwwert eng fräi Undriffsenergie
Technesch Detailer änneren
Den Teleskop schafft mat enger Wénkelopléisung vun 0,05 Bousekonne. D'Uewerfläch vun der Sonn an d'Verdeelung vun hire Magnéitfelder gëtt mat enger raimlecher Opléisung vu 35 Kilometer pro Pixel an enger zäitlecher Opléisung vu 5 s gemooss. Dofir gi gläichzäiteg dräi Instrumenter (UV-Bildsensor, Magnéitogramm a Polarisatiounsspektrometer) gebraucht. Et handelt sech ëm dat gréisst Sonnenteleskop, dat jee d'Äerd verlooss huet.[1]
D'Ausriichtung fir déi gewënscht Richtung geschitt wéi beim Hubble-Weltraumteleskop duerch e puer Reaktiounsrieder. Am Uschloss dorun iwwerhëlt en Inertierad d'Lagestabiliséierung.
Missioun änneren
Eng éischt Testfaart am Hierscht 2007 war schonn erfollegräich. De Start fir déi éischt Faart war den 8. Juni 2009 um 8.27 Auer vun der Weltraumbasis Esrange zu Kiruna, Schweden. An de follgende fënnef Deeg gouf d'System vum Polarwand iwwer den Nordatlantik a Grönland bis no Nordkanada gedriwwen.[1] D'Landung war de 14. Juni 2009 um 1.45 Auer op der Insel Somerset an der Kanadescher Provënz Nunavut.
Den zweete Start war den 12. Juni 2013 um 7.30 Auer op der Weltraumbasis Esrange zu Kiruna, Schweden.
En drëtte Start war den 10. Juli 2022. Dee gouf awer kuerz nom Ofhéiwe vum Ballon ënnerbrach well den Telskop sech wéinst technesche Problemer net ausriichte gelooss huet[2].
Bedeelegt Institutioune änneren
Geleet gëtt d'Missioun vum Max-Planck-Institut fir Sonnesystemfuerschung zu Lindau.
Weider bedeelegt Instituter:[3]
- Kiepenheuer-Institut fir Sonnephysik, Freiburg
- High Altitude Observatory, Boulder, Colorado (USA)
- Instituto de Astrofisica de Canarias, Teneriffa (Spuenien)
- Instituto de Astrofisica de Andalucía, Granada (Spuenien)
- Lockheed-Martin Solar and Astrophysics Laboratory, Palo Alto, Kalifornien (USA)
- Columbia Scientific Ballooning Facility der NASA
- D'Weltraumbasis Esrange zu Kiruna (Schweden)
Gefërdert gëtt d'SUNRISE-Projet vum
- Bundesministerium für Wirtschaft und Technologie (Däitschland)
- Däitscht Zentrum fir Loft- a Raumfaart (Fuerschungskennzeechen 50 OU 0401)
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 SUNRISE schwebt der Sonne entgegen. Aus: MAX-PLANCK-GESELLSCHAFT Presseinformation, 8. Juni 2009. ISSN 0170-4656.
- ↑ Flug-des-Sonnenobservatoriums-kurz-nach-Start-abgebrochen
- ↑ [1]