Sixthfloor

Kënschtlerkollektiv
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Sixthfloor ass e Kënschtlerkollektiv, deen 2001[1] vu sechs Konschtschafenden an d'Liewe geruff gouf. Matgrënner waren de Sculpteur Tom Flick, d'Glaskënschtlerin Anne-Claude Jeitz, de Sculpteur Patrick Meyer, d'Fotografin Jeanine Unsen, de Moler Joachim van der Vlugt an de Sculpteur Wouter van der Vlugt.

Sixthfloor
Zweck Kënschtlerkollektiv
Grënnungsdatum 2001
Memberen 7[1]
Sëtz Neimillen
8383 Käerch
Websäit www.sixthfloor.lu

Aktuell(2022)[1] gehéieren d'Kënschtler Lukas Arons, Nadine Cloos, Tom Flick, Katarzyna Kot-Bach, Marcel Lépine, Patrick Meyer, Joachim van der Vlugt a Wouter van der Vlugt zum Kollektiv.

D'Membere vu Sixthfloor hunn hir Atelieren an der aler Seeërei op der Käercher Neimillen. An der iwwerdaachter Ausstellung sinn ëmmer erëm Vernissagen an aner Evenementer, och mat invitéierte Kënschtler.

"Muse" internationale Skulpturesymposium änneren

Vun 2007 un gëtt ënnert der Leedung vum Tom Flick vum Sixthfloor eng Skulpturen-Triennale op der Neimillen organiséiert. Verschafft gëtt ënner anerem Marber a Granit. All Editioun war bis elo allkéiers enger anerer vun de 9 Musen aus der anticker Mythologie gewidmet.

  • 2007: 1. Muse Symposium, Editioun vun der Urania mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad an Lars Widenfalk.
  • 2010: 2. Muse Symposium, Editioun vun der Klio mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad, Lars Widenfalk a Jo Peters.
  • 2013: 3. Muse Symposium, Editioun vun der Terpsichore mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad, Lars Widenfalk a Jo Peters.
  • 2016: 4. Muse Symposium, Editioun vun der Kalliope mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lars Widenfalk, Jo Peters, Raymond Lohr a Viktor Grachev.
  • 2019: 5. Muse Symposium, Editioun vun der Polyhymnia mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Doru Nuta, Peter Heesch a Viktor Grachev.
  • 2022: 6. Muse Symposium, Editioun vun der Melpomene mat Bedeelegung vu véier Kënschtler, dem Hollänner Lukas Arons, der Tierkin Hanife Neris Yüksel, der Serbin Maša Paunović und dem Rumän Doru Nuta[2].
  • 2025 (geplangt)
  • 2028 (geplangt)
  • 2031 (geplangt)

Dem Tom Flick no wier déi lescht Triennale am Joer 2031 virgesinn, d'Musen déi nach feele sinn d'Thalia, d'Euterpe an d'Erato.

Um Spaweck änneren

Commons: Sixthfloor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 sixthfloor. www.sixthfloor.lu. Gekuckt de(n) 2022-08-15.
  2. Thill, Marc (2022): Bildhauer-Triennale. Steinharte Kunst. In: Luxemburger Wort. On-line: https://www.wort.lu/de/kultur/steinharte-kunst-62e80a9dde135b9236937393 (02.08.2022)