D'Terpsichore (aus dem gr. τέρπεω - appreciéieren an χoρός - danzen) war an der griichescher Mythologie eng vun den néng Musen.

Terpsichore
D'Terpsichore am Mosaik vu Viichten
Deel vun Mus
Geschlecht weiblech
Famill
Liewenspartner(in) Ares, Apollo
Papp Zeus
Mamm Mnemosyne
Geschwëster Klio, Kalliope, Melpomene, Urania, Euterpe, Erato, Polyhymnia, Thalia

Si war d'Mus vun der Chouerlyrik an dem Danz. Zu hiren Attributer gehéieren eng Lyra an e Plektrum.

Verschidden Auteure maachen aus der Terpsichore d'Mamm vun de Sirenen.

Um Spaweck änneren

Commons: Terpsichore – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.