Dësen Artikel beschäftegt sech mat Sibirien als Ganzt. Fir de Federatiounskrees, kuckt wgl. Sibirien (Federatiounskrees).

Sibirien (ru. Сибирь - Sibir) bezeechent am wäitste Sënn de ganzen asiateschen Deel vu Russland, dee sech vum Ural am Weste bis bei de Pazifik am Oste streckt, a vum Arkteschen Ozean am Norde bis un d'Hiwwele vu Kasachstan an d'Grenze vu China an der Mongolei am Süde geet.

       Federatiounskrees Sibirien        Geographescht russescht Sibirien        Historescht Sibirien

Obwuel et 77 % vum russeschen Territoire ausmécht (13,1 Millioune Quadratkilometer) liewen do just 28 % vun der russescher Populatioun (ronn 40 Millioune Leit).

Geographie änneren

 
Grousslandschaften a wichtegst Flëss
 
D'Tundra an Nordsibirien
 
D'Taiga a Westsibirien

D'West-Ost Achs vu Sibirien huet eng 7.000 km opweises an d'Nord-Süd Achs ëmmerhin nach 3.500 km. Et mécht domat bal 10 % vun der Uewerfläch vun der Äerd aus.

Sibirien léisst sech graff a 7 Grousslandschaften andeelen: d'Westsibirescht Déifland tëscht dem Ural an dem Floss Jenissei, dann no Osten hin als éischt d'Mëttel- an duerno d'Ostsibirescht Biergland mat dertëscht op der Héicht vum Floss Lena d'Mëtteljakutesch Dellt, da méi kleng Landstreecher mat am Norden d'Nord- an d'Ostsibirescht Déifland an am Süden déi Südsibiresch Bierger.

Déi gréisst Flëss vu Sibirien lafen all an d'Polarmier. Dat sinn den 3.650 km laangen Ob dee vun den Altai-Bierger aus duerch Westsibirien leeft, de 4.092 km laange Jenissei, dee vun de Südsibiresche Bierger kënnt, laanscht Krasnojarsk fléisst an als bekanntsten Niewefloss d'Angara huet, den eenzegen Offloss vum 31.500 km² groussen an 1.637 m déiwe Baikalséi, an zu gudder Lescht déi 4.400 km laang Lena, déi nëmmen eng 5 km vum Baikalséi ewech hir Quell huet awer e grousse Bou no Oste schléit fir bei Jakutsk laanschtzekommen.

 
Vegetatiounszonen:
██ Keeltwüst ██ Tundra ██ Alpintundra ██ Taiga ██ Biergniwwelbësch ██ Mëschbësch ██ temperéiert Stepp ██ dréche Stepp

Déi meescht Regioune vu Sibirie si vun engem Kontinentalklima mat relativ gliddege Summeren (bis +40 °C) an extreem kale Wanteren (bis −72 °C) markéiert. Dacks bleift d'Land bis zu 9 Méint ënner enger Schnéidecke verstoppt an et fënnt een a wäiten Deeler Permafraschtbiedem, deen och an der waarmer Joreszäit nëmmen uewendriwwer entdeet a sou kee Schmëlz- a Reewaasser ophuele kann, wat nieft enger Supp (Fiichtgebitt)Suppelandschaft virun allem och zu immense Méckeploe féiert.

Bis op d'Bierger am Süden ass Sibirien relativ flaach. An den arktesche Regiounen am Norden herrscht d'Tundra mat hire Moser, Grieser an Traisch. E bëssen drënner fänkt déi ganz grouss Sträif vun der Taiga un (russesch Bezeechnung fir Bëschlandschaft), haaptsächlech mat Nolbëscher, Suppen a Moueren. Am Westen dominéire Fiichten a Kiferen, am Osten éischter Melässen. Am Süde geet d'Taiga an d'Stepp iwwer. An der temperéierter Bëschstepp gesäit ee meeschtens Bierken, déi awer och am Rescht vu Russland gutt wuessen, an der dréchener Stepp kommen da just nach Grieser a Kraider vir.

Geschicht änneren

 
Tuerm vum Jakutsker Fort aus dem 17. Joerhonnert

Am 16. a 17. Joerhonnert hu sech virun allem Kosaken op de Wee gemaach, fir dat "Land wat schléift" am Optrag vum Zar z'erueweren.

Zanter den 1920er Joren huet dunn d'Sowjetunioun massiv op Relokalisatioun vu Leit an den Oste gesat, fir d'Industrie vu Sibirien ze forcéieren.

Demographie änneren

 
Sibirescht Duerf

Nieft villen inigenen asiatesche Vëlker sinn déi ronn 40 Millioune Leit a Sibirien awer an der Majoritéit Russen a russifizéiert Ukrainer.

Eng 70 % vun der Bevëlkerung lieft a Stied. Nowosibirsk ass mat 1,5 Millioune Mënschen déi gréisst Stad. Wichteg Zentre sinn awer och Omsk, Krasnojarsk, Tjumen, Tomsk, Irkutsk, Chabarowsk, Tschita, Ulan-Ude an déi färnëstlech Pazifik-Metropol Wladiwostok. Si leie praktesch all op engem relativ schmuele Band am Süden a Südwesten, wou déi Transsibiresch Eisebunn duerchfiert an Akerbau méiglech ass.

An der Moyenne läit dowéinst d'Bevëlkerungsdicht just bei 2,9 Mënsche pro km².

Ekonomie änneren

Sibirien ass wéinst senge ville Réistoffer vun ekonomesch onschätzbarem Wäert. An éischter Rei sinn do natierlech Äerdgas a Pëtrol z'ernimmen. Ganz wichteg sinn awer och Holznotzung, Kuelfërderung, Uranofbau, Diamant- a Goldminen.

Well déi grouss Flossleef vu Sibirien Ob, Jenissei a Lena vu Süden an d'Polarmier lafen an dann och nach wéi vill Méint am Joer komplett zougefruer sinn, ass et eréischt nom Bau vun der Transsibirescher Eisebunn méiglech gi fir Gidder a gréisserem Ëmfang ze transportéieren.

Literatur zum Theema änneren

Um Spaweck änneren