D'Lena (Russesch: Лена) ass e Stroum a Sibirien (Russland). S'ass eng 4.400 km laang an zielt dofir zu de längste Flëss op der Äerd. Se huet hir Quell westlech vum Baikalséi a leeft haaptsächlech an nërdlecher Richtung, wou se dann an d'Laptewmier leeft, wat en Deel vum Nërdlechen Äismier ass. Just virdru bilt se e grousst Delta, de Lenadelta.

Lena
Längt 4.294 km
Debit 16.350 m³/s
Fläch vum Baseng 2.490.000 km²

Déi wichtegst Stad op der Lena ass Jakutsk.

Bis bei d'Eisebunnsbréck vun Ust-Kut kann ee mat Schëffer op der Lena fueren, déi meescht Zäit am Joer ass se awer zougefruer. Nieweflëss sinn Aldan a Wiljuj, déi bei Batamaj respektiv bei Tas-Tumus an d'Lena lafen.

Um Spaweck änneren

Commons: Lena River – Biller, Videoen oder Audiodateien